Scheckiwwerreechung Gaart an Heem Réiden/Atert

 

3.000 fir d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn

E schéine Geste vum Gaart an Heem Réiden/Atert

Am Kader vu séngem traditionellen Hierkenowend an a Präsenz vum Schäffen- a Gemengenrot hat de Gaart an Heem Réiden/Atert ee Scheck vun 3.000 € un d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) iwwerreecht. D‘ASA ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi d’Ausbildung a d’Weidervermëttlung vun Assistenzhënn integral aus Spender-Suen finanzéiert. D’Spend ass duerch de Verkaf vun Eisekuchen iwwert dat ganzt Joer zustane komm. D’Uschafungskäschten fir een Hond vun der Rass Golden Retriever leie bei 17.000 €.

Foto: Charles Reiser

Unsere Partner