Summer Botz vun der Sektioun Gaasperech

D’Wieder war dat ganzt Joer net esou wéi mer ons dat fir de Gaart gewënscht haten, dofir sinn d´Hecken ons awer bal iwwer de Kapp gewuess. Och d’Spanne ware fläisseg an onsem Chalet. Et huet lues a lues ausgesinn, wéi wa mir eise Comité géifen an engem klengen Hexehaischen ofhalen: eng Botz stoung um Ordre du jour zu Gaasperech. Samschdeg, de 06. Juli moies war et esou wäit, a 17 fläisseg grouss a kleng Benevolen hu sech mat Schwamp an anere Powertools un d’Aarbecht gemaach. Gestäerkt mat Kaffi a Mëtschen hu mer gutt gewibbelt a kënnen ons elo nees vun eiser beschter Säit weisen. E grousse Merci un all déi, di sou gutt gehollef hunn!

Unsere Partner