Blummemaart vun der Sektioun Amis de la Fleur Fiels/Iernzen

Amis de la Fleur Fiels/Iernzen asbl

E flotten Dag um Blummemaart

 

Samschdes, den 11. Mee hate mir eisen 1. Blummemaart rëm no der Pandemie. De „grénge Männchen“ vu Medernach huet eis moies fréi d’Blummen, d’Geméisplanzen an de Blummebuedem an den Haff vun der „aaler Kleederfabrék“ geliwwert. D’Leit waren ganz zefridden an hu gutt kaaft. Duuscht an Honger huet och kee brauchen ze leiden. Eisen Hierscht-Allerhelljen Blummemaart fannt Dir Samschdes, den 19. Oktober op der selwechter Plaz. De „grénge Männchen“ liwwert eis dann Hierschtblummen a fäerdeg Arrangementer fir op är Griewer. Notéiert iech schon dësen Datum.

 

 

 

 

Unsere Partner