D’Regional Osten um Blummemaart zu Ouljen

BLUMMEMAART 2024 ZU OULJEN

Wéi all Jar war d’Blummekinnigin Angelina mat hirer Prinzessin Lexy vun der Regionalkommissioun Osten vum Gaart an Heem zu Ouljen bäi der Ouverture vum Blummemaart. An de Stroossen vun Ouljen ware vill flott Stänn vun Handwierk bis Deko fir de Gaart ze fannen. De Comité CTF Osten hat och e Stand fir sech virzestellen a nei Memberen ze kréien. Mat engem klenge Concours, dem Verkaf vum Crémant Cuvée Angelina a vu Glieser mat verschiddene Kraider wéi Péiterséilig, Peffermënz a Basilikum war bäi wonnerbarem Wieder den Dag e grousse Succès.

Unsere Partner