Bamschnëttkurs Gaart an Heem Hunchereng-Fenneng-Näerzeng

Bamschnëttkur

Den 9. März war e Bamschnëttkurs zu Hunchereng am Millewee ënnert der Leedung vum Här Remy Bintener. Um 14.30 as et lass gangen. Fir d’éischt huet den Här Bintener eis emol erklärt wat ee brauch fir d’Beem gutt a richteg ze schneiden. Dat sin en Secateur, en Secateur mat méi lange Grëffer an eng speziell See fir d’Beem. Bei allem wat den Här Bintener gemach huet, huet hien och ganz genee erklärt firwat dat esou soll gemach gin. Et huet misse vill um Apelbam geschnidden gin an de Beemchen huet engem bal leed gedoen. Mä elo wou alles ufänkt ze bléien as e wonnerschéin. A wa mir esou vill Äppel kréien wéi e blitt da könne mir de Noperen der och matgin. Et war e flotten a léierräichen Nomëtteg dee leider nemmen bis 5 Auer gedauert huet well et e beemol äisegkal gin as. Mir hu vill beigeleiert a soen dem Här Bintener nach emol en härzlechen Merci. 

Unsere Partner