Kréinung vun der Blummekinnigin Lexy Regional Osten

Kréinung vun der Blummekinnigin Lexy

De 05.07.24 hat d’Regional Osten op d’Kréinung vun der Blummekinnigin Lexy invitéiert. Vill Invitéeën haten de Wee op Meechtem fonnt. No der Begréissung vun der Presidentin vun der Regional Osten an der Ried vun der Presidentin vun der Liga Gaart an Heem huet d’Angelina ee Réckbléck gemaach op hiert Joer als Blummekinnigin.

Duerno war et dunn esou wäit, d’Kroun ass un déi nei Blummekinnigin Lexy weidergereecht ginn, a si huet och direkt e puer Wuert un d’Leit gericht. Den Ofschloss huet dunn de Vertrieder vun der Gemeng Wuermer gemach, an op den Éierewäin invitéiert, e puer flotter Stonne goufen zesumme verbruecht. E grousse Merci un d’Kellerei Pundel-Hoffeld an un d’Gemeng Wuermer.

 

Fotos: Carlo Rinnen

 

 

 

Unsere Partner