Generalversammlung CTF Réiden

Generalversammlung

Méi wéi 20 Aktivitéiten huet de Gaart an Heem Réiden am Joer 2023 organiséiert. Dat waren ë. a. Ausflig, Eisekuche baken, Besichtegungen, Hierkenowend, Representatioune bei Fester. Dat goung aus der Sekretärin Nadine Nickts hirem Tätegkeetsbericht ervir. Och fir dat lafend Joer sti bis elo fest d’Mammefeier (15. Juni), den Hierkenowend (15. November), de Chrëschtmaart. Zwou Scheckiwwerreechunge fir sozial Wierker ware méiglech, och duerch di positiv Finanzen. D‘Chantal Wirtz an d’Alix Weimerskirch hunn als Vertrieder vum Comité vun der CTF-Liga der Réidener Sektioun gratuléiert, grad esou wéi och de Buergermeeschter Henri Gerekens. Den aktuelle Comité: Raymond Schlim (President); Charel Welter (Vizepresident); Ramona Muller an Nadine Nickts (Sekretärinnen); Christiane Poull a Jean Poull (Finanzverwalter). Bäisëtzend Memberen sinn: Andrée Weber, Karin Knaus a Jempy Schartz.

Unsere Partner