Wort der Präsidentin

Den Hierscht a senger ganzer Pracht 

 

Léif Klenggäertner alleguer, 

 

lo ass d’Vakanz eriwwer an mir Gäertner profitéieren elo vun der ganzer Aarbecht, déi si am Laf vu Fréijoer a Summer investéiert hunn.  

 

Mir haten och am Summer eng Paus an onsem Comité virgesinn, ma aus Aktualitéitsgrënn hu mer ons awer och am August mussen zesummesetzen. Well dat hei deen eenzege Kontakt ass, dee mir als Comité direkt mat onse Memberen hunn, also net de Sektiounen, ma mat iech all, ass dëse Leitartikel fir mech mol erëm d’Méiglechkeet, iech au courant ze setzen. 

 

De Charel Siwek huet am Summer vill schweessdreiwend Stonne gehat, well hien ass mat engem Kolleeg d’Sisyphusaarbecht ugaangen, onst Haus ze raumen. Dofir verdenkt hien onse ganz grousse Merci, lo sinn déi Raimlechkeete vill méi grouss ginn, a mir brauchen ons netz e schummen, wann d’Gemeng Lëtzebuerg iergendwann d’Gebailechkeet inspizéiere kennt. 

 

Mir freeën ons och, datt mer rëm eng Gaardeberoderin hunn an der Persoun vum Alexandra Jansen, dat dir vläicht schonn eemol gesinn hutt, hat ass bei ons als mi-temps a stécht voller Iddien! 

 

De Projet neit Heem gëtt mei konkret, mir hunn eng lëtzebuerger Firma fonnt, déi Module baut, déi ee ka jee no Wonsch zesumme setzen. Domat kënne mer eng nei Zentral vun ongeféier 180 m2 zu Beggen opriichten, ouni musse grouss Terrassementer ze maachen. Finanziell bleiwt dat ganz an der Rumm, an d’Module sinn ëmweltfrëndlech a souguer recyclabel. Mir freeën ons elo, mam Architekt flott Pläng auszeschaffe fir d’Gebai an de Gäertner kann och urappen.  

 

D’Modellstatute stinn um Internetsite, grad ewéi dat neit Medaillereglement an onse Règlement d’Ordre interne steet. D’Informatik ass nach am Chantier, a fir d’LUGA schaffen de Christopher Sirres an d’Liesa Opitz flott Projeten aus.  

 

Mir wäerten iech nach am Hierscht mat enger ganz neier Zeitung iwwerraschen … a mol erëm mat engem méi flotten Täschebuch wéi déi lescht Joren, obschonn mer alt mol erëm kee Sponsor vu bausse fonnt hunn.  

 

Sou, lo hunn ech schonn rëm sou e laangen Artikel gemaach, et gëtt Zäit fir eraus an d’Natur, fir mech ass nämlech den Hierscht déi schéinste Saison! 

 

Mat menge beschte Klenggäertnergréiss, 

 

Dr. Martine Mergen 

Presidentin vu Gaart an Heem 

Unsere Partner